Recommended if You Like
Benny and the Bugs Bob Dylan Dëppegeisser

Genres You Will Love
Moods: Mood: Funny Folk: Drinking Songs Folk: Folk-Rock Folk: Folk Pop

By Location
Luxembourg

Links
Twitter Fëissboook Internet Säit Youtube

Spack-O-Mat

Spack-O-Mat ass eng Lëtzebuerger Musiksgrupp, déi am Ufank vum Joër 2009 zu Diddeléng (Lëtzebuerg) gegrënnt gouf.

Mat akusteschen Instrumenter interpretéieren d'Protagonisten Mulles Dëppekapp, Dan Duuschtkrunn, Pir Pirchen an Adnan Lëtzebuerger Lidder aus eegener Fieder an dreiwen op Lëtzebuerger Bühnen hirt Onwiesen.

En Concert kann duurchaus fir Opmierksamkeet suergen ouni dass iwwerhaapt en s
chiefen Toun duurch déi verstëmmte Guitar päift. Bühnen gin ëmfonktionnéiert zu improviséierten Miwwel-Dépot'ën well de Mulles an séng Hikecht sech jhust am warmen Ambiente vun hirer Stuff wuel fillen. Mä wann si sech mol bis doheem fillen, dann gëtt ët (ob een well oder nët) N-O-U-G-A-T!

Et gët gesongen vum Adnan, deen e Platten huet, vum Karel (deem Ruppsaack), vum Märchebësch, iwwert den Alter an nët zulescht iwwert Buppfilmer! Dir wëllt méi gewuer gin? Verpasst op kee Fall een vun hiren nächste Konsären, si fréen sech drop, och DIR Nougat ze gin!

Villmols Merci un all Iech léiw Leit déi ons bis elo schon ënnerstetzt hun, bleiwt ewéi dir sidd, mir probéieren entre-têmps och net méi normal ze gin;-) Mulles, Dan, Pir, Adnan